Eng grondleeënd Neiausriichtung vun der Lëtzebuerger Drogepolitik

No ville Polemiken déi lescht Méint iwwer d'Sécherheet grad op der Staadter Gare, huet d'Regierung leschte Freideg hire Pak u Mesuren zur Präventioun vun der Drogekriminalitéit zu Lëtzebuerg virgestallt.

Dräi Froen zu dëse Mesuren un d'Parteipresident:innen Djuna Bernard a Meris Šehović:

Wéi bewäert dir d'Ukënnegunge vun der Regierung? 

Dat Wichtegst ass, datt d'Regierung hei endlech eng ganzheetlech Approche an der Drogepolitik presentéiert huet. De Problem vun der Drogekriminalitéit huet vill Facetten a vill Ursaachen. An der Vergaangenheet hu mir hei am Land vill ze vill just op d'Repressioun gesat. Mat deene Resultater, déi mir kennen.

Natierlech brauch eis Police, déi néideg Moyenen, wann se hir Missioun wëll erfëllen an no un de Bierger:inne wëll sinn. Se brauch genuch Ressourcë fir effizient intervenéieren ze kënnen. Dofir begréisse mir d'Rekrutéierungscampagne an d'Reorganisatioun vun der Policeaarbecht ënnert dem Henri Kox. Déi méi wéi 600 Rekrutten, déi bis 2023 solle fir den uniforméierte Policedéngscht dobäikommen, zesumme mat den ugekënnegte lokale Sécherheetspläng wäerten d'Presenz um Terrain weider verstäerken an eng besser Koordinatioun mat de Gemengen erlaben. Grad op dësem Volet gëllt: Verschidde Politiker:inne maache bei der Sécherheet Panik a Polemik, mir maache Neel mat Käpp! Mir paken d'Sécherheets- an d'Drogeproblematik un der Wuerzel. A wat fir eis gréng besonnesch wichteg ass, dëst am Respekt vun de Mënschen an dem Rechtsstaat! 

Wat gesäit de Pak bei der Preventioun vir?

Mir si frou, datt d'Regierung de gréisste Fokus op d'Preventioun gesat huet. Déi nohalteg Léisunge sinn an der Drogepolitik numol net an der Policeaarbecht ze fannen. Dofir baue mir d'Suchtpreventioun an de Schoulen aus. E ganz wichtege Schrëtt! De Jugendpakt 2022-2025 stellt d'Stäerkung vun der mentaler Gesondheet vun de Jonken an de Mëttelpunkt. Eng weider gutt Noriicht ass och den Ausbau vun der Betreiung, der Begleedung a vun den Therapieméiglechkeeten. Ausdrécklech begréisse mir, datt et zu enger Dezentraliséierung vun de Servicer vum Drogekonsumraum Abrigado kënnt an datt eng nei Struktur fir drogenofhängeg Frae soll entstoen. Den Ausbau vun all dësen Offeren, bei deene mir hei am Land e grousse Retard hunn, ass richteg a wichteg. 

Wéi gesitt dir déi proposéiert Léisung beim Cannabis?

De Krich géint de Cannabis ass gescheitert! Mir sinn dofir frou iwwer dës éischt Etapp, déi vun eiser Justizministesch Sam Tanson elo annoncéiert gouf. Domat gëtt de Konsum vu Cannabis endlech reglementéiert an eng legal Alternativ zum Schwaarzmaart geschafen. D'Weiche sinn deemno emol gestallt, fir eng vollëmfänglech Reglementéierung vum Ubau a Vertriib vum Cannabis. Et ass eis natierlech wichteg, datt d'Regierung weiderhi de Projet aus dem Koalitiounsaccord virundreiwe wëll. Mä och mat deem, wat elo schonns annoncéiert gouf, kënne mir haut vun enger grondleeënder Neiausriichtung vun der Lëtzebuerger Drogepolitik schwätzen!

Meris Sehovic