De nächste Schrëtt beim Klimaschutz maachen

Dëse Summer huet d’Wëssenschaft en dréngenden Opruff un d’Politik an un eis alleguerte geriicht. Den Tempo vun der Äerderwiermung muss eis Suerge maachen. 

Och déi Jonk, déi leschte Freiden iwwerall op der Welt op d’Strooss gaange sinn, fuerderen haart an däitlech méi Ambitioun a méi Aktioun beim Klimaschutz. 

Als gréng iwwerhuele mir Verantwortung. Mam Klimaschutzgesetz hu mir eisem Land d’Lescht Joer e kloren Kader ginn. Elo hu mir verbindlech Reduktiounsziler fir d’Ekonomie, eng sozial gerecht Bepräisung vun der Klimaverschmotzung a kloer Standarde fir d’Industrie. 

Dëse verbindleche Kader ass fir de Klimaschutz fundamental wichteg. E garantéiert,  dass et elo just nach no vir goe kann, a Richtung Klimaneutralitéit, mat méi Ambitioun a méi Tempo. 

An deene leschten 8 Joer hu mir d’Transitioun zu Lëtzebuerg agelaut. Mir produzéieren haut dräi mol méi erneierbar Energien ewéi nach 2012. Mir investéieren all Joer méi ewéi eng Milliard fir de Klimaschutz. Mir gehéieren zu de weltwäite Leadere beim Ëffentlechen Transport.

An trotzdeem musse mir eis elo froen:  Wou kënne mir méi wäit goen? Wou direkt méi séier maachen? Wou kënne mir konkrete Klimaschutz um Terrain vereinfachen?

Fir eis gréng sinn déi nächst Schrëtt kloer:

Bei den erneierbaren Energie musse mir virun allem d‘Eegeproduktioun nach méi fërdere – d’Prozedure fir Solaranlagen um eegenen Daach méiglechst einfach maachen a finanziell Ënnerstëtzung weider eropschrauwen.

Bei der Mobilitéit musse mir kloer Prioritéite setzen: méi Raum fir de Vëlo a fir de Foussgänger. Mir mussen den Duerchgangsverkéier aus de Stad- an Duerfkären erauskréien a mir brauche sécher Vëlos- a Foussgängerinfrastrukturen. Dat suergt och fir méi Sécherheet am Verkéier a fir eng besser Liewensqualitéit an eisen Uertschaften. 

A mir brauche weider staatlech Ureizer fir d’Ëmklammen op emissiounsfräi Mobilitéit. Dofir musse mir d‘Primme fir Vëloen a fir klimafrëndlech Autoen iwwert de Mäerz 2022 eraus verlängeren.

An der Ekonomie an der Industrie, musse mer d’Entreprisë beim Erreeche vun hire Klima-Ziler begleeden. Nom Virbild vum Klimapakt fir d’Gemenge wëlle mir dofir e Klimapakt fir d’Entreprisen op de Wee bréngen, mat finanzieller an technescher Ënnerstëtzung.

An och bei der Dekarboniséierung vun eisen ëffentleche Finanze bleift nach vill ze maachen: de staatleche Pensiounsfong investéiert ëmmer nach a klimaschiedlech Technologien an ass net konform mat den Ziler vum Paräisser Klimavertrag. Dat muss séier änneren. De Pensiounsfong muss klimaneutral ginn!

Klimaschutz ass déi gréissten Erausfuerderung vun eiser Generatioun. Mir hunn elo e ambitiéise gesetzleche Kader. Mir hunn  all d‘Léisungen, déi mir brauchen. 

Pake mir et zesummen un! 

Meris Sehovic