Schützen wat eis wichteg ass

Léiw Frëndinnen a Frënn,

E grousse Merci un de Matis Griso fir seng wonnerschéin Adaptatioun vun der Ode an die Freude. E Lidd an eng Melodie, déi mir zesumme mat 450 Millioune Mënschen op dësem Kontinent mat engem vereenten Europa verbannen. Mat engem Europa, wou mir zesummen a Fridden a Sécherheet liewen. Een Europa, wat grad fir eis Jonker fir Demokratie, Fräiheet a Rechtsstaatlechkeet steet. 

Haut sinn och mir, déi méi jonk Generatiounen, eis nees méi wéi jee bewosst, datt mir dës wäertvoll europäesch Fundamenter schütze mussen. Dass Fridden a Sécherheet net selbstverständlech sinn, och net op eisem Kontinent.

Schützen wat eis wichteg ass, heescht sech fir Fridden asetzen

Mat Schrecke verfollege mir elo zënter engem Mount dem Putin säi brutalen Ugrëffskrich géint d’Ukrain. Mir gesinn, dass russesch Truppen bewosst zivil Ziler bombardéieren: Wunnquartieren, Spideeler, Schoulen, jo esouguer Spillschoulen. Dat bedeit näischt aneschters, wéi datt onschëlleg Mënschen aus enger grausamer Krichstaktik eraus, ouni Skrupel, duerch Bommen a Rakéiten ëmbruecht ginn. Et ass eis Flicht dofir ze suergen, datt dës Verstéiss géint humanitärt Vëlkerrecht a géint all Mënschlechkeet elo ophalen an datt dës Verbriechen dono net einfach a Vergiessenheet geroden. Hei mussen déi Verantwortlech zur Rechenschaft gezu ginn! 

D’Majoritéit vun der internationaler Staategemeinschaft huet an deene leschten Wochen mat enger aussergewéinlecher Geschlossenheet reagéiert fir Drock op de russeschen Regime auszeüben. Duerch wirtschaftlech Sanktiounen, déi et esou nach nie gouf, esouwuel géint Russland, ewéi géint déi Oligarchen, déi de russesche Regime ënnerstëtzen, duerch diplomatesch Isolatioun, an duerch materiell a logistesch Hëllef fir d’Ukrain, dorënner och Waffeliwwerungen fir sech ze verdeedegen. A mir wäerten och weider d‘Ukrainer*innen an hirem Kampf fir hiert Iwwerliewen ënnerstëtzen. A mir wäerten och weider hiert Recht matverdeedege fir selwer iwwer hir Zukunft ze entscheeden a  fir an engem demokratesche Staat, an net ënner russescher Diktatur ze liewen.

Dese Krich muss um Enn mat engem Echec vum Putin ophalen. Mir däerfe muer net an enger Welt liewen, wou militäresch Aggressiounen a Gewalt belount ginn. D’Attack vum Putin op d’Ukraine bedeit och eng Attack op eng Weltuerdnung, déi op gemeinsam Reegelen an e friddlecht Iwwerwanne vun den Intressekonflikter tëschent de Länner baséiert. Et ass eng Attack op de Multilateralismus, dee grad d’Sécherheet an d‘Rechter vu méi klenge Länner, wéi Lëtzebuerg, schützt. Och dofir, ass et wichteg, datt mir zesumme mat eise Partnerstaaten alles ënnerhuelen, datt Russland seng Invasiounstruppen nees aus der Ukrain ofzéie muss.

A Fridden a Sécherheet liewen, an demokratesch regéierte Länner, déi eis Fräiheeten a Mënscherechter garantéieren. Dat sinn déi grouss Errungenschaften, déi eis Elteren a Grousselteren déi lescht 75 Joren an Europa opgebaut hunn. Déi fir eis am Fong een Acquis sollte sinn, mä déi mir haut schütze mussen.

Grad eis Sécherheet an eis Demokratie sinn awer net eréischt mam Amarsch vun de Russen an der Ukrain bedrot. Et ass e Kampf de schonns méi laang an de sozialen Medien an um Internet stattfënnt. Duerch de Konflikt an der Ukraine gëtt et just nach eng Kéier ganz däitlech: Desinformatioun ass d’Fortféierung vum Krich mat anere Mëttel. 

Desinformatioune verbreeden, an online Zweifel an Haass provozéieren, sinn Instrumenter fir eis Demokratien ze destabiliséiren, d’Vertrauen an d’Institutiounen, de Staat, d’Justiz an d’Police ze ennergruewen, an eis géinteneen opzestëppelen. Mir mussen eis dofir hei am Land an an der EU, déi néideg Mëttele gi fir géint Desinformatioun virzegoen an eis esou géint Polariséierung, Hetz an Hatespeech ze schützen.

Hei si mir alleguer gefuerdert opzepassen, wat mir grad op de soziale Netzwierker als Wourecht unhuelen a verbreeden. Mir mussen als Gesellschaft Wäert drop leeën, datt mir eis och um Internet ëmmer mat Respekt begéinen an Haass, Gewaltopriff bis hin zu Morddrohungen och online net toleréieren. Um nationale Plang sinn do och eis Police a Justiz gefuerdert. Um europäesche Plang gi mir eis grad am Moment déi néideg Mëttelen fir Online-Plattformen an hir Algorithmen besser ze reguléieren. Mä och a punkto Cybersecherheet ass den Défenseministère am Gaang seng Kapazitéiten ze erhéijen an den néidege Schutz en place ze setzen.

Schützen wat eis wichteg ass heescht den Zesummenhalt stäerken

De beschte Schutz fir e gutt Zesummeliewen bei eis am Land ass a bleift e staarken Zesummenhalt. Wa mir openeen Uecht ginn, solidaresch sinn a kee lénks fale loossen, wäerte mir all déi verschidde Krise meeschteren. 

Da wäerte mir och déi grouss Erausfuerderunge meeschteren, déi déi nächst Wochen a Méint als Konsequenz vum Krich an der Ukraine op eis duerkommen. A mir sinn do um gudde Wee. Et kommen de Moment villMënschen aus der Ukraine op Lëtzebuerg. Ma ech sin houfreg, wann ech gesinn, wéi grouss d’Hëllefsbereetschaft an eisem Land, an a villen anere Länner, mat de Flüchtlingen - mat eise Matmënschen - ass. Mir stellen Zemmeren, eidel Wunnengen, Hotelen oder Sportshalen zur Verfügung. Mir sammele Kleeder an Objets de premiere nécessité, mir organiséiren Lieux de rencontre, psyschesch Hellef a Méiglechkeeten fir Léieren a Fraizait fir di honnerte Kanner, déi nei hei ukomm sinn. Refugees welcome to Luxembourg, war schonns 2015 a 2016 e Slogan, deen mech déif geprägt huet, an eng Cause, déi ech a mengem Engagement emmer verdeedegt hunn. An 2022 spieren ech dat an eisem Land. Dofir e grousse Merci speziell un d’Solidaritéit vun den dausenden Bénévolen, déi sech hei engagéieren! 

Eist Land gëtt natierlech elo och logistesch an administrativ op d’Prouw gestallt. Fir e wierdegen Accueil ze organiséieren, fir Urgencestrukturen fir de Primo-Accueil bereet ze stellen, fir dëse Mënschen eng Chance op Bildung, Integratioun, Aarbecht ze gin. Fir hinnen déi néideg Hellefstellungen ze gi fir hir Traumata an dat Erliewten ze verschaffen. An do si mer matten dran. Zesummen, d’Ministèren, d’Gemengen, d’Hëllefsorganisatiounen an déi Benevoll, gi mir dës Erausfuerderung un. 

Mëttelfristeg musse mir fir déi Mënsche genuch Accueilsplaze schafen an dëse Menschen fir déi nächst Méint e wierdegt Doheem bidden.  Hei ginn et Léisungen vum Modulare bauen, déi mer séier kënnen ëmsetzen. Kommt, suerge mir elo zesummen dofir, datt keen vun deenen - a scho guer net Famille mat Kanner -  déi haut nach a groussen Halen op Feldbetter schlofen, länger wéi e Mount do „liewen“ mussen. Et ass eng gedeelten Verantwortung, et ass eng gemeinsam Solidaritéit vun eis all, fir dës Menschen opzehuelen an hinnen temporär bei eis nei Perspektiven ze ginn.

An Europa musse mir dann endlech d’Léieren aus esou massive Fluchtbeweegungen zéien. Mir mussen endlech d’Dublinreform emsetzen, well mir brauchen eng Harmonsiéierung vu Standards, fir e wierdegen Accueil iwwerall an Europa ze garantéieren, a mir brauchen d’Solidaritéit tëschent de Memberlänner bei der Verdeelung vu Flüchtlingen. An net just am aktuelle Fall vun der Ukrain. 

Och d’Pandemie huet eist Zesummeliewen déi leschten zwee Joer op d’Prouf gestallt an eiser Gesellschaft vill ofverlaangt. Déi läscht 2 Joer ware vu Konflikter a Spannunge geprägt: an de Familjen, ënnert Frenn, an der Noperschaft oder op der Aarbecht. D’Suerg, dass d’Pandemie den Zesummenhalt geschwächt a Paralellgesellschaften geschaafen a verstäerkt huet, ass reell. Dass eng Rei Menschen sech ausgegrenzt, net verstan a stigmatiséiert fillen, ass e Problem fir d’Zesummeliewen, dee mer mussen ugoen. 

An den leschten zwee Joer hu mir an der Politik oft ënnert extremem Zäitdrock missen Decisiounen huelen. Oft hätte mir gäere méi Zäit gehat fir dës Decisiounen ofzeweien a méi am Detail an der Ëffentlechkeet ze diskutéieren. Dat war leider net méiglech an engem Kader, wou déi sanitär Situatioun permanent changéiert huet an et prioritär dorëms gaang ass, Mënscheliewen an eis Gesondheet ze schützen. 

Ëmsou méi ass et eis als gréng Partei grad elo wichteg, d’Kultur vum Bierger:innen-Dialog an eisem Land ze beliewen. Mir mussen zesummeféieren, Biergerbedeelegung fërderen an eng oppen an transparent Politik bedreiwen. A mir maachen dat: Stechwuert Klimabiergerrot, Stechwuert Luxembourg in Transitioun. Dëst si Beispiller vu richteger Participatioun, wou mir d’Resultater an eis Regierungspolitik afléisse loossen. Dëst si Forme vun enger lieweger a partizipativer Demokratie, déi mir nach wëllen ausbauen a wou mir kloer weisen, datt mir fir d’Zukunft vun eisem Land op eis Matbiergerinne a Matbierger mat all hiren Ideeen bauen an hir Wënsch a Suergen wierklech eescht huelen.

Fir den Zesummenhalt ass et wichteg, datt mir allgemeng den Engagement an eiser Gesellschaft méi ënnerstëtzen a belounen. Mir maachen dat haut schonns, andeems mer d’Zivilgesellschaft an d’Kultur fërderen, andeems mir Räim schaafen, wou Menschen ausserhalb vun hirem Beruff an hirer Famill beieneen komme fir gemeinsam Projeten ze gestalten. Och d’Energietransitioun ass hei eng Chance: et ass déi schéinsten Form vun Zesummenhalt, wa Mënschen sech a Kooperativen zesummendinn, fir gemeinsam Erneierbar Energien ze produzéieren. 

Nieft de Reim, musse mir awer nach méi Zait fräi maachen. Mir hunn viru kuerzen de Congé culturel an de congé sportif op de Wee bruecht. Et gëtt och schon e de congé jeunesse. Ma wisou net och an d’Zukunft e Congé Bénévolat? Fir déi Leit, déi sech daagdeeglech an de Verainer an Associatiounen fir d’Allgemengheet staark maachen. An ouni déi eis Gesellschaft haut iwwerhaapt net kinnt funktionnéieren. 

Zäit hu fir seng Kanner a Famill, fir seng Gesondheet, fir Beweegung an d’Natur, an eben och fir e bénévolt Engagement a fir Kultur, dierf kee Luxus sinn, mä e festen Bestanddeel vun eisem Liewe! Méi Flexibilitéit an der Aarbechtszait a vum Congé parental, awer och d’Thema Aarbeschszaitverkierzung dierf hei am Land dofir keen Diskussiounstabu sinn.

No dëser Pandemie brauche mir eng Offensiv fir eis Kanner a Jonk,  Andeems mer op si duer gin, an se do oofhuelen wou se sin: an de Schoulen, mat engem staarken Effektif un Educateuren, Psychologen an engagéierten Enseignanten. 

An de Jugendheiser an op der Strooss, wou mer opsichend Jugendarbescht maachen wou nidderschwelleg Angeboter geschaf gin, fir déi Jonk ze fannen an hinnen Ennerstetzung ze gin, besonneg déi, déi net vun eleng Hellef froen. 

Andeems mer de jonken Erwuessenen déi studéiren, déi grad ufänken mat schaffen, eng Ausbildung maan, weisen dass mer si hei am Land wärtschëtätzen an ennerstetzen, dass mer fir si do sin, dass se finanziell Hellef kréien, beim Logement, beim Studéiren, op hierem Wee an d’Erwuessene liewen.  Ee Beispill un dat ech denken ass, d’Aféiren vum REVIS fir Jonker tëscht 18 an 25 Joer. Si sin fir de Moment net fir dëss sozial Mesure eligibel, an ech mengen dass et Zait gett, iwwer d’Modalitéite ze schwetzen, fir Jonker heifir eligibel ze maachen an se ganz intensiv an hierem Wee an d’Arbeschswelt ze begleeden.

D’Startméiglechkeeten fir Kanner a Jonker an d’Liewen hängt awer nach ganz oft vun hierem Elterenhaus oof, an dofir musse mer, wann et em sozial Gerechtegkeet geet, och do usetzen. Dofir ass de Credit Monoparental een outil, deen bei deene Menschen soll graifen, dei bewisenerweis besonneg ennert dem Aarmutsrisiko leiden. Mir hun schon an der Vergangenheet emmer rem fir en erop setzen vum Credit Monoparental plädeiert, an maachen dat och op deser Plaatz erem. Fir dass dëss Familien, och ouni d’Individualiséirung vum Steiersystem, déi néideg Hellefe kréien an déi schon schwéier Aufgab fir Kanner eleng grouss ze zéihen, net nach vun finanzielle Suergen geprägt ass.

Den Zesummenhalt an eiser Gesellschaft schützen a stäerken, dat bedeit fir eis zu Lëtzebuerg och d’Héichhalen vum Sozialdialog. Grad a schwieregen Zäiten a grad fir déi grouss Erausfuerderungen brauch et eng gutt Zesummenaarbecht tëscht der Politik an den Sozialpartner. 

Dofir si mir frou, dass d’Regierung an der aktueller Kris net laang gewaart an d’Tripartite aberuff huet, fir gemeinsam Léisungen fir déi aussergewéinlech Haussen bei den Liewenshaltungskäschten ze sichen. 

Als gréng Partei steet  geschlossen hannert dem Mesurepaak, deen um Dësch läit.

An der aktueller Situatioun brauchen mir en Zesummespill aus exceptionellen an zäitlech limiteirteen Mesuren. An awer och Mesuren, déi strukturell eis Ofhängeg vun de fossilen Energien ofbauen. 

Mir brauchen elo Zesummenhalt an och Zukunft. An dat ass dat Signal, wat vun der Tripartite ausgeet.

De Kompromëss zum Index, deen um Desch lait, bedeit, dass Gewerkschaften, Patronat a Regierung all mussen openeen duergoen, fir eng solidaresch Léisung ze fannen. Besonnesch wichteg ass fir eis, dass mir sozial cibléiert Léisung proposéieren. 

Dat geschitt duerch e neien a substantiellen Staierkredit, den agefouert soll ginn. Mat dëser Mesure senden mir e staarkt Signal: mir féieren d’Schéier tëscht Aarm a Räich erëm e Stéck méi zesummen. An op dësem Wee wëlle mir gréng weidergoen. 

Gläichzaiteg ass eis och wichteg, dass et am Beraich Logement duerch d’Hausse vun der Subvention loyer an d’Afréieren vun den Loyeren bis zum Enn vum Joer weider Ennerstëtzungen gëtt. Dat ass nieft der Erhéijung vun der Allocation de vie chère e wichteg Schratt, fir sozial cibliert ze hellefen.

D’Haussen bei Diesel, Benzin an Mazout sinn an deenen leschten Wochen deels ganz heich. Doweinst gëtt do temporär gehollef, fir ze probérien dat fir eis Biergerinnen a Bierger oofzefiederen.

Schützen wat eis wichteg ass heescht eis Liewensgrondlaagen erhalen

Scho virum Ugrëffskrich an der Ukrain war kloer: eis Ofhängegkeet vu fossilen Energieimporter mecht eis Ugräifbar a bedrot eis Souveränitéit an eis Versuergungssecherheet. Dat weist och déi aktuell Energiepräiskris.

Dofir begréissen mir, dass an der Tripartite net just iwwert den Index geschwat ginn ass, mä dass d’energetesch Transitioun och e ganz wichtegen Stellewert am Mesurepaak huet. Ewech vun Mazout, Gaz a Bensin, hinn zu Erneierbaren Energien an Energieeffizienz. Dass d’Regierung, d’Patronat an d’Gewerkschaften hannert dëse Mesuren stinn, weist dass mir zu Lëtzebuerg e breeden gesellschaftlechen Konsens fir progressiv Klimapolitik hunn.  Dorop si mir gréng houfreg.

Nach nie hun esou vill Leit sech fir d’Energietransitioun interesseiert a wellen elo selwer upaaken: dat spiire mer bei den Handwierker an bei den Demande fir déi sëlleg Klimaprimmen, déi mir op de Wee bruecht hunn. Dese Moment wëllen a musse mer notzen.

Mir begréissen, dass en 10 Punkte-Plang fir eng Beschleunegung vun der Energietransitioun op den Dësch geluecht gouf, deen de Wiesel bei Haushalter, Betrieber a Staat méi einfach a méi séier mecht. 

Et si 10 nei a gezielten Mossnahmen, déi d’Erneierbar Energien ausbauen, d’Primmen weider erhéijen an sozial staffelen, d’Prozeduren vereinfachen an eist Land virubrengen bei de friddlechen a secheren Energien vun der Zukunft. Mir bréngen e neien Klimabonus op de Wee, e neien a sozial gestaffelten Top-Up bei der Prime-House fir energetesch Renovéierungen. Mir féieren eng nei Energienorm a Wunngebeier an, e neien Förderregime fir Elektrobornen fir d’Betriiber. Méi héich Primmen fir Elektroautoen an Elektroveloen. E neien Klimapakt fir Betriiber. An der neier Klimaagence bündelen mer an Zukunft all d’Efforten vum Staat bei der Berodung a bei der Ënnerstëtzung vun der Transitioun. Mat engem guichet unique sollen d’Prozeduren fir den Ausbau vun Erneierbaren beschleunegt ginn. Mat enger Offensiv fir Erneierbar Energien op ëffentlechen Gebeier iwwerhëllt de Staat an Zukunft nach eng méi staark Roll, fir d’Energietransitioun ze acceleréieren. An schliesslech ënnerstëtzen mir d’Betriiber bei der Dekarboniséierung vun eiser Ekonomie mat enger neier Roadmap an neien finanziellen Aiden. 

D’Detailler vun all dësen Mesuren wäerten déi zoustänneg Ministeren an den nächsten Deeg a Wochen virstellen. Elo schonn ass awer kloer: mir zéien déi richteg Konsequenzen aus der aktueller Kris. Mir reagéieren mat engem Mesurepak, deen op der Héicht vun der Zäit a vun den Erausfuerderungen ass. 

Zu den aktuelle Versich, de Krich an der Ukrain ze notzen, fir ënnert dem rhetoreschen Schlagwuert vun der „Ernährungssecherheet“ d’Ziiler vun der landwirtschaftlecher Transformatioun a Fro ze stellen, kënnen mir nëmmen soen: Dat ass eng Schan! 

Un éischter Plaz muss elo akut Hëllef stoen, fir d’global Liewensmëttelversuergung ze secheren. Déi ausfaalend Exporter vun ukraineschem a russeschem Weess wärten grad d’Entwecklungs- a Schwellelänner haart treffen. Si sinn et déi souwisou schon staark vun der Klimakris, vun Onstabilitéiten an Onrouen impaktéiert sinn.

Dofir mussen d’Mäert oppen gehale ginn, besonnesch fir Ausfäll bei der Récolte a bei de Liwwerungen ze vermeiden. Och d’Fuddermëttelversuergung muss gesechert ginn, och an der Ukrain. Gläichzäiteg mussen mir awer d’Effizienz vun eisem Ëmgang mat Ressourcen hannerfroen. Dat gëlt fir Düngemëtteln genauesou ewéi fir d’massiv Notzung vun Agrarflächen fir Fuddermëttelen amplaz fir Liewensmëttel. 

Mir mussen insgesamt méi Ustrengungen ënnerhuelen, fir d’Ernährungsautarkie weltwäit ze erhéijen an dofir ze suergen, dass d’Länner d’Liewensmëttelversuergung vun der eegener Bevëlkerung assuréieren kënnen. Dass schon haut 10% vun der Weltbevölkerung hongeren, huet strukturell Grënn – Aarmut, Verdeelungsproblemer, feelenden Zougang zu Land. Dëst Probleemer kënnen net duerch en Héichfueren vun der Produkioun an Europa, duerch d’Bewirtschaftung vu broch geluechten Flächen oder d’Verwässerung vun Oplagen, geléist ginn. 

Och d’Spekulatioun mam Petrol dreift d’Liewensmëttelpräisser, well industriell Landwirtschaft ganz staark vun mat fossilen Energien hirgestallten Düngemëttelen ofhänkt. Fir laangfristeg eis Recolten an d’Versuergungssecherheet ze garantéieren, kënnen mir dofir net den Asaz vun Dünger a Pestizien – an domat eis Ofhängegkeeten - wieder erhéijen.  

Vill méi brauchen mir elo strukturell Äntwerten. Et ass e Skandal, dass op den internationalen Finanzmarchéen ëmmer nach mat Liewensmëttel spekuléiert gëtt. Mir brauchen dofir méi streng Reegelen a méi schaarf Sanktiounen am Kader vun der europäescher Finanzmaart-Gesetzgebung. Genee esou ass et Skandal, dass mir ënnert dem Slogan „Mir ernähren d’Welt“ knallhaart Wirtschaftsinteressen exportéieren an lokal Marchéen an Entwécklungs- a Schwellelänner futti maachen. Och hei brauch et drengend en Ëmsteieren. 

Och fir eis doheem bleiwen vill Hausaufgaben ze maachen. Mir mussen eis Ofhängegkeeten vu Düngemëttelimporter ofbauen, andeems mir den Asaz konsequent reduzéieren. Mir mussen eegen Versuergungslücken an der Selbstversuergung, notamment beim Uebst a Geméis, zoumaachen. Mir mussen konsequent géint Liewensmëttelverschwendung an der gesamter Liwwerketten virgoen. 

An den leschten Joeren hu sëlleg Krisen eis Gesellschaft an Ootem gehalen an d’Aktualitéit dominéiert. Mir spieren de Moment nach d’Ausleefer vun der Covid-Pandemie. Mir spieren d’Logementskris an déi sozial Spannungen duerch déi enorm Praisentwécklung. Mir spieren d’Klimakris an déi extreem  Wiederphänomener, déi zouhuelen. Mir spieren de Krich a seng Konsequenzen fir Europa a fir eist Land. 

Sou a mat desen Constat’en, hu mer elo e Choix: mir kéinten resignéiren. Mir kéinten op vermeindlech einfach Léisungen lauschteren, eiser Onsecherheet an Angscht noginn. Mir kéinten populistesch Parolen schwengen an no Schëllegen ze sichen, enner eis, bei deenen déi hei ukommen, bei deenen déi Léisungen proposéiren, déi villaicht ufangs onbequem sinn. 

Et gett awer och dei aner Äntwert op dës Krisen. Mir kënnen eise Suergen an eiser Angscht Paroli bidden. Hinnen eppes entgéingt setzen:  eng positiv Visioun a Perspektiven fir d’Zukunft. 

Eng Zukunft, wou mir nees a Fridden a Sécherheet liewen. Eng Zukunft, déi d’Demokratie an eist Zesummeliewe stäerkt. An där eis Grondwäerter vun der Meenungsfraiheet, der Pressefraiheet, dem Pluralismus vun de Parteien den höchsten Stellewärt genéissen.

Eng Zukunft, wou mir eis Liewensgrondlage wäertschätzen, wou Erneierbar Energien eis onofhängeg maachen vun Autokraten a wou mir mat deene Ressourcen schaffen, déi eise Planéit eis ëmmer nees zur Verfügung stellt. 

An eiser Perspektiv fir d’Zukunft suergen mir dofir, dass d’Klimakris net weider Liewensreim zerstéiert, Kricher a Konflikter ureegt, an eis Liewensgrondlagen emmer rem duerch Stierm, Iwwerschwemmungen a Bränn a Gefor brengt. 

Jo, mir kënnen all de Krisen eppes entgéint setzen. Wa mir d’Zukunft konsequent uginn. Wa mir schützen wat eis – wierklech - wichteg ass! 

Mir soen iech Merci! 

Meris Sehovic