Merci Carole, Wëllkomm Joëlle!

E virleschte Freideg, haut virun 8 Deeg, huet eis Parteifrëndin, d’Ëmwelt- a Klimaministesch Carole Dieschbourg – eist Carole – matgedeelt, dass hatt seng Demissioun areecht.

Dëst wëll d’Carole d‘Hoffnung hat, domat kënnen d’Virermëttlungen vum Parquet esou einfach ewéi méiglech ze maachen. Well d’Carole wëll fir Opklärung suergen an eng gréisstméiglech Transparenz spille loossen. E Bestriewen, dat hatt vun Ufank un ëmmer erëm par Rapport zum Parquet, der Chamber an der Ëffentlechkeet däitlech gemaach huet.

Dës Demissioun ass – an dat wëll ech ganz kloer betounen – kee Scholdageständnis.

Se ass virun allem néideg ginn, well mir an eiser Verfassung eng Dispositioun hunn - den Artikel 82 – déi virschréift, dass just d’Chamber kompetent ass, fir d’Enquête par rapport zu engem Member vun der Regierung ze féieren. Domat kann de Parquet am Kader vun enger Virermëttlung net einfach esou eng Ministesch befroen. 

Dës Dispositioun vun 1848 ass awer längst aus der Zäit gefall an entsprécht scho laang net méi den heitegen internationalen Standarde vun der Rechtstaatlechkeet, vun enger moderner Gewaltentrennung a vun der Geriichtsbarkeet. Se mécht ënnert den dräi Pilieren vum Staat eng ganz ongesond a geféierlech Vermëschung tëscht Politik a Justiz. Well se d’Chamber – e politescht Organ – zum Geriicht mecht, a well se - Zitat Luc Heuschling, Professer fir Verfassungsrecht op der Uni Lëtzebuerg – „totalement dem liberale Prinzip vun der Gesetzméissegkeet vum Strofrecht widdersprécht“ an „eppes total Illiberales ass, wat Diktature maachen, mee net Demokratien.“

Dofir ass et gutt, datt dës Dispositioun mam neie Justizkapitel vun der Verfassung wäert verschwannen. Esou wäert d’Chamber déi nächst Méint mat hirem zweete Vott dofir suergen, datt mir hei endlech zäitgeméiss a gerecht Standarden kréien.

Mä haut ass den Artikel 82 nach en vigueur. An dofir huet d’Carole leschte Freiden seng Demissioun agereecht.

Carole, mir hunn déiwen Respekt virun denger integrer Décisioun, fir dëser demokratesch héich problematescher Situatioun aus dem Wee ze goen, a fir domat d’Amt vum Minister fir Ëmwelt, Klima a Nohaltegkeet ze schützen.  

A mir hoffen, dass domat de Wee fräi ass, fir dass d’Justiz – an ech betounen: d’Justiz - hir Aarbecht a Souveränitéit, mat Impartialitéit an am Respekt vun der Rechtstaatlechkeet maachen kann.

Léift Carole,

 Sief der sécher, mir hu vollst Vertrauen an dech, a mir, déi ganz Partei, stinn elo an déi nächst Méint geschlossen hannert dir! Mir sinn dir vu ganzem Häerzen dankbar fir déi formidabel Aarbecht, déi s du mat vill Asaz a Begeeschterung fir eis Natur, fir eise Planéit a fir eis Biergerinnen a Bierger geleescht hues. Als Ministesch fir Ëmwelt, Klima an Nohaltegkeet, hues du eist Land an eise ganzen Kontinent markéiert. A jo, du kanns houfreg sinn: Deng Amtszäit war e Jorzéngt vum wichtegen Opbroch a Richtung Klimaneutralitéit! An dofir soe mir dir: villmools, villmools Merci!

Carole, du wolls haut awer nach net zréckkucken, mä zesumme mat eis op dat kucken, wat elo usteet a wat nach gemaach muss ginn. De Bilan vun dem wat s du – a wat mir zesummen – geleescht an erreescht hunn, wäerte mir dofir sécher awer nach zu engem spéideren Zäitpunkt zesummen nohuelen.  

Mir sinn eis all eenz: D’Urgence vun der Klimakris a vum Verloscht vun eiser Biodiversitéit kann net waarden. An dofir kënnen och mir net waarden. Mir kommen haut zesummen, fir d’Grondlag ze schafen, fir dass déi wäertvoll Aarbecht séier weidergoen kann.  

Mir kommen haut zesumme fir iwwert d’Propose vum Comité exécutif vun der Partei, d’Emwëltwëssenschaftlerin Joëlle Welfring, als nei gréng Ministesch ze nominéieren, ofzestëmmen.

Wéi mer e Mettwoch am Comité executif zesummen soutzen, soot main Frënd, den David, eppes, wat mer nach laang duerch de Kapp goung: „Och wa mer hei iwwer e Posten schwetzen, an natirlech et em Persounen geet, ass dat en fin de compte awer zweetrangeg. Well et muss emmer an éischter Konsequenz em d’Saach goen. Em den Inhalt goen.“

A jo, dat ass richteg. Mir hu virun e puer Wochen um Kongress zesummen iwwer déi grouss, multipel Krisen geschwat, deene mer haut géigeniwwer stinn. Datt mir, als Gesellschaft, eis Demokratie an eis Fräiheete musse schützen. Datt mir eis Sécherheet an eisen sozialen Zesummenhalt musse schützen. An natierlech, datt mir eis eege Liewensgrondlagen, eis Ëmwelt an de Klima musse schützen.

Ganz besonnesch als gréng Partei musse mir der enormer Urgence vum Aartestiewen a vun der Klimakris zouversiichtlech, couragéiert a konsequent entgéinttrieden. Dofir sti mir als Partei! Domat si mer ugetrueden. Dorunn huet d’Carole geschafft. An doru mussen a wäerte mir elo, schnell a gudd weiderschaffen!

An dat, léiw Frëndinnen a Frënn, war och bei eisen Diskussiounen fir e méiglechen Nofolger en enorm wichtege Critère. Mir hun no enger Persoun gesicht, déi queesch duerch de Secteur vum Emwelt- a Klimaschutz unerkannt ass fir hiert Wëssen, hir Fachkenntnisser, an hiert Verständnis vun der Matière. Mir hunn eng Persoun fonnt, déi d’Emweltverwaltung iwwer vill Joeren matgeleet huet. Mir hunn eng Persoun fonnt, déi de Ministère a seng Projeten kennt, déi d’Leit an d’Strukturen versteet.

Mir hunn eng Wëssenschaftlerin fonnt, déi op Basis vu Fakten, vun den Etuden, vum wëssenschaftlechen Konsens argumentéiert an agéiert. D’Joëlle Welfring ass eng Expertin an der Matière, hatt lieft fir de Sujet vum Emweltschutz an hatt verkierpert en energescht Kämpfen fir eise Planéit, fir eist Klima, fir en nohaltegt Letzebuerg!

E weidere wichtege Critère war deen, vun eise grénge Waerter an eisem grénge Selbstverständnis.

Natirlech ass et wichteg, dass eng Persoun, déi fir eis gréng an der Regierung setzt, „gréng ass“ – also kloer hannert eise grénge Wäerter steet an dës offensiv vertrëtt.

Gréng sinn heescht nohalteg denken an agéieren, heescht eis Emwelt schützen a wäertschätzen, heescht Ressource schounen an der Klimakris vehement entgéinttrieden. Gréng sinn heescht een Häerz fir all seng Matmënschen hunn, heescht sech fir sozial Gerechtegkeet staark maachen, a sech fir eng oppen an inklusiv Gesellschaft asetzen. Gréng sinn heescht d‘Wäerter vum Rechtsstaat, vun der Demokratie an der Partizipatioun an der Gesellschaft ëmmer nees verdeedegen, an eis Fräiheeten an eis Grondrechter schützen. Gréng sinn, heescht fir Chancëgläichheet kämpfen, an heescht an eiser Welt dofir och Feminist oder Feministin ze sinn.

An jo, et gi gottseidank vill Mënschen an eisem Land, déi dës Wäerter vertrieden a sech dofir asetzen. Vill dovunner an eiser Partei mä ganz vill Mënschen och ouni (bis elo) eng gréng Parteikaart ze hunn. An dat ass och gudd esou! Si sinn eis Allieiert, Ënnerstëtzter an eis Wieler, si deelen eis Siicht, wéi eis Welt soll funktionnéieren an ausgesinn. An d’Joelle ass esou eng Persoun. Ech fannen dëss Iwwerzeegungen bei him, wann ech mat him schwetzen, wann ech säi Wee kucken, wann hatt hei bei eis setzt.

D’Joëlle ass gréng, och scho viru sengem Antrëtt an eis Partei virun e puer Deeg. An ech stinn hei virun ierch, mat der fester Iwwerzeegung, dass hatt eis Partei net nëmmen enorm gudd repräsentéiert a bei eis passt. Nee, ech wees dass d’Joelle Welfring eis Partei mat sengem Wëssen, sengen Usiichten, senge Wäerter virubrénge wäert, eis Zesummenaarbecht an der Partei nach méi räich an eist Parteiliewen nach méi intressant mëscht.

Joelle, du bass en Deel vun eiser grénger Famill a mir heeschen dech an eiser Mëtt häerzlech wëllkomm!

An dann war en 3. Critère, een deen eis natierlech an eisen Iwwerleungen geleet huet. Eis Statuten als Partei gin eis den Optrag op eng paritéitesch Vertriedung vun gréngen an der Regierung unzestriewen. Eis feministesch Iwwerzeegungen hunn et evident gemach, dass d’Letzebuerger Politikwelt, an allgemeng iwwregends iwwerall wou Decisiounen geholl gin, méi Fraen sollen präsent sin. Mir gesin et als Gréng als eis Verantwortung zu enger Geschlechterparitéit baizedroen, an dofir och eng Frau ob dese Posten ze proposéiren.

A wat fir eng Fra, as d’Joelle. Mamm vun 2 Kanner, en Escher Meedchen, am beschten Alter vun 47 Joer. Wéi mer eis an de läschten Deeg besser kenne geleiert hun, war ech intresséiert ween de Mensch hannert der zukünfteger Politikerin ass. Well d’Politik gett vu Mënschen gemach an net vu Maschinnen an dat ass och gudd esou, dat mengen ech wësse mer all heibannen.

Wéi ech dech gefroot hun, mat wats de deng frai Zait verbrengs, soos de direkt: ech huelen mer vill Zait fir meng Kanner – déi iwwregends och hieren Accord gin hun, dass hier Mama dann demnächst hoffentlech d’Amt vun der Emweltministesch iwwerhellt. Du hues mer erzielt, dass du gären inklusiv schaffs an dass zesummenhalt dir wichteg ass. Dofir hues du dech an den leschten Joren och privat am Accueil vu Réfugiéen engagéiert. En ganz eierbaren Engagement, deen och grad an dëser Zäit wichteg ass an ënnerstëtzt muss ginn. Ausserdem bass de Kulturintresséiert an gees gär op Concerten.

Léiwt Joelle, mam Kulturjoer am Süden, hues du jo do en excellente Programm firun där a mir freen eis, dech op ville Evenementer am Süden ze begéinen an ze begleeden.

D’Joëlle Welfring ass déi richteg Fra fir dëst wichtegt Amt, dovun sin net nemmen mir als Parteipräsidenten iwwerzeegt, och de Comité executif vun eiser Partei, deen en Mettwoch zu 21 vun 25 Memberen getagt huet, war sech unanime eenz an proposéiert d’Joelle Welfring fir d’Amt vun der Ministesch fir Emwelt, Klima an Nohaltegkeet.

Meris Sehovic