Verbesserung vun der Inklusioun vu Kanner mat spezifesche Besoinen am Educatiounssystem

M. Meris Sehovic (déi gréng), interpellateur | Merci, Här President. Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech hunn dës Interpellatioun am Numm vu menger Partei ugefrot, fir dass mer hei an der Chamber d’Geleeënheet hunn, fir eis mat engem Sujet ze beschäftegen, deen net just – an dat wëll ech explizitt soen – eist Schoulwiese betrëfft, mee och d’Grondwäerter vun eiser Gesellschaft: d’Inklusioun.

D’Erausfuerderung, an eise Schoulen en Ëmfeld ze schafen, an deem all Schülerin an all Schüler onofhängeg vu sengen individuellen Ënnerscheeder akzeptéiert a gefërdert gëtt, erfuerdert gemeinsam Ustrengungen op allen Niveauen. An de leschte Joren hu mir eng sëllegen Efforte gemaach, fir eisen Educatiounssystem méi inklusiv ze gestalten. Als Gréng hu mir déi Gesetzer an dësem Beräich och gäre matgedroen, well se vill Verbesserunge mat sech bruecht hu par rapport zu deem ale System vun der Éducation différenciée.

Mir hunn och mat groussem Interessi déi zwou Evaluatioune vum Inklusiounsdispositif zur Kenntnis geholl, déi am Laf vum leschte Joer presentéiert goufen. Déi Evaluatiounen hunn eng Rei Ënnerscheeder. Zum Beispill ass déi eng méi direkt vum Ministère organiséiert an op d’Strukturen an d’Personal ausgeriicht gewiescht an et gëtt hei mat der Uni Lëtzebuerg zesummegeschafft, fir d’Verbesserungsusätz dann ëmzesetzen. Déi zweet Evaluatioun, déi gouf vum onofhängegen Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire gemaach. Déi huet méi staark d’Kanner an d’Elteren an de Bléck geholl an hei gouf och mat der Universitéit vu Louvain zesummegeschafft.

D’Evaluatiounen hunn nieft deenen Ënnerscheeder awer och eng ganz Rei Gemeinsamkeeten, besonnesch um Niveau vun de Konklusiounen. Lues a komplizéiert Prozeduren, Verbesserungspotenzial bei der Vernetzung, Informatiounsdefiziter op allen Niveauen, dat sinn, entre autres, awer déi grondleeënd Problemer, mengen ech, déi sech an deenen zwou Etüden erëmfanne

Positiv ass – dat wëll ech direkt soen –, dass mer déi Etüden iwwerhaapt hunn an dass et och schonn eng Rei konkreet Piste gëtt, fir d’Konklusiounen ëmzesetzen, voire dass och verschidde Saache schonn ëmgesat goufen.

Eis geet et an dëser Interpellatioun also explizitt net drëms, d’Verbesserungen an d’Reforme vun de leschte Joren a Fro ze stellen. Mir wëlle villméi déi nach ëmmer bestoend Problemer an de Mëttelpunkt stelle vun dësem Debat haut. Well déi Problemer sinn net einfach kleng Feeler am System: Si gefäerden op Dauer d’Akzeptanz an och d’Vertrauen an den Dispositif beim Léierpersonal an och bei den Elteren. Duerfir ass et immens wichteg, dass d’Baustellen aus den Evaluatioune systematesch opgeschafft ginn an en effikasse Suivi stattfënnt.

Duerfir muss d’Inklusioun an d’Verbesserung dovunner um Terrain eng vun de bildungspolitesche Prioritéite vun deenen nächste fënnef Joer bleiwen, woubäi mir Gréng grondsätzlech dervun iwwerzeegt sinn, dass déi entspriechend Moyenen, wou ëmmer méiglech, méi no beim Léierpersonal, méi no bei de Schülerinnen a Schüler, also um lokalen Niveau, sollten ëmgesat ginn.

 

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, an de leschte Wochen hunn ech zesumme mat menge Kolleeginnen a Kolleegen eng sëllegen Entrevuen organiséiert mat Mënschen, déi op déi eng oder op déi aner Aart a Weis vun deem Sujet betraff sinn. Ech krut vum Terrain, also vun deem lokalen Niveau, deen ech grad ugeschwat hunn, vill Doleancen. Net vu Leit, déi d’Zil vun der Inklusioun a Fro stellen oder se net wichteg fannen, au contraire, mee ech hu Leit kenne geléiert, Kanner an Elteren, déi munchmol jorelaang a laangwieregen an oneffikassen Orientéierungsprozedure festhänken. Ech hu mat Professionelle geschwat, déi d’Inklusioun an der Schoul all Dag mussen an och wëllen ëmsetzen, mee déi sech méi Ënnerstëtzung dobäi wënschen.

Eis ass opgefall, dass hir Konklusiounen am Gespréich mat eis eigentlech a groussen Deeler déi selwecht si wéi och an deenen zwou Evaluatiounen, déi gemaach gi sinn, nämlech dass déi enorm Moyenen, déi et gëtt, ze komplizéiert sinn, ze lues, ze schlecht vernetzt an ze wäit ewech vun hinnen. Ech hunn an de sëllege Gespréicher vill gudde Wëlle bei alle Concernéierten erëmfonnt, awer och vill Frust, vill Virwërf, dass déi enorm Ressourcen, déi mobiliséiert ginn, net effikass agesat ginn.

De Schong dréckt haut also net méi bei der grondsätzlecher Fro, ob Inklusioun hinne wichteg ass, mee bei de praktesche Froen, wéi gutt sech eise ganze Bildungssystem dobäi ustellt, fir déi Moyenen, déi mer eis ginn, optimal unzewennen. Dat war eigentlech och den Haaptgrond, firwat mir dës Interpellatioun ugefrot hunn: fir e Fokus kënnen ze leeën op d’Praxis. An dofir geet et eis haut och primär ëm d’Effikassitéit, ëm d’Vereinfachung, wat jo och Motiver sinn, déi sech duerch de Regierungsprogramm zéien.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, an de leschte Wochen hunn ech mat Eltere geschwat, déi mat hire Kanner mat spezifesche Besoinen oft e Parcours du combattant hu missen zréckleeën, ier konkreet Ënnerstëtzung fir hir Kanner um Terrain konnt ukommen. Eng Mamm huet mir erzielt, wéi d’Assistance en classe fir hire Jong op eemol wéinst engem Krankeschäin fort war a fir de Rescht vum Schouljoer och net méi ersat ginn ass. Ech hu vun aneren Elteren héieren, déi erlieft hunn, wéi d’Assistance en classe schrëttweis zréckgeschrauft ginn ass, net well de Besoin méi kleng ginn ass, mee ganz einfach well d’Ressourcen net do waren.

Esou Situatiounen hu massiv Implikatioune fir jiddereen: fir d’Titulaires de classe, déi sech eleng gelooss spieren an dowéinst heiansdo iwwerfuerdert si mat der Situatioun, fir d’Klassekameroden, déi ënnert den Ëmstänn leiden, an natierlech och a besonnesch fir d’Kanner mat spezifesche Besoinen, déi net déi Betreiung kréien, déi se eigentlech brauchen.

D’Elteren hu mir erzielt, dass et fir si oft ganz schwéier war, nozevollzéien, wat an der Schoul ganz konkreet mat hire Kanner geschitt. Dat deit fir mech drop hin, dass d’Informatiounsflëss tëschent allen Intervenanten nach net gutt genuch fonctionéieren an onbedéngt verbessert an och systematiséiert musse ginn.

Ech hu souguer matkritt, wéi Elteren an de Krankeschäi gerutscht sinn, well d’Situatioun se belaascht huet an d’Orientéierungsprozedure se ofgenotzt hunn. Ee Saz vun enger betraffener Mamm ass mer besonnesch hänke bliwwen: „Zum Gléck hat mäi Kand e kloren Diagnostic, dat huet villes méi einfach gemaach!“

 

Wat geschitt, wann den Diagnostic manner kloer oder méi komplizéiert ass, dat weisen eigentlech och déi zwou Evaluatiounen. Bei der Etüd vun de Kompetenzzentren ass besonnesch d’Längt vun de Prozeduren ervirgehuewe ginn. D’Zuele vun der nationaler Inklusiounskommissioun hu gewisen, dass an der Moyenne 203 Deeg vergi vun der Demande bis zu der Entscheedung. Leider goufen hei just d’Moyennë publizéiert, wat e bëssen d’Diversitéit vun de Situatioune verdeckt. Verschidden Elteren hu mir erzielt, dass hire Parcours weesentlech méi laang gedauert huet, sech zum Deel souguer iwwer Jore gestreckt huet.

Fir den Diagnostic gouf erausfonnt, dass deen an der Reegel an der Moyenne 115 vun deenen 203 Deeg dauert. An engem Gesetz, wat säitdeem gestëmmt gouf, gouf e fixen Delai virgeschriwwen, mee dat muss natierlech um Terrain ëmgesat ginn. An hei sollt – dat war ugekënnegt – mat der Uni no Verbesserunge gekuckt ginn. An dowéinst eng éischt Fro un den Här Minister: Wou ass déi Evaluatioun drun? A wéi gitt Der vir, fir déi Delaien elo konform zum Gesetz ze maachen? 

Ee Problem, deen an den Evaluatiounen ervirgehuewe gouf, ass dee vum „Pingpong“ tëschent de Kompetenzzenteren, virun allem bei Troublen, fir déi verschidden Zentere kënnen zoustänneg sinn. D’Evaluatioun am Optrag vum Ministère seet selwer, dat wier e fundamentale Problem vum System a kéint just mat enger méi transversaler Approche geléist ginn. D’Gesetz zu de Centres de compétences schwätzt eigentlech jo och vun Ufank u vun engem „fonctionnement en tant que réseau national“, wourop d’Evaluatioun och verweist.

D’Léisung, déi d’Evaluatioun proposéiert: méi Echange tëschent den Zenteren, eng Coordinatrice-secrétaire du collège des directeurs, gemeinsam Aarbechtsgruppen. Dann direkt eng weider Fro: Kann een do scho konkreet Verbesserunge feststellen? Gëtt dat suivéiert? Wat si konkreet Schrëtt, déi erauskoumen, ausser de Rekrutement vun enger Persoun?

D’Evaluatioun verweist zum Beispill awer och op Diskrepanze bei den Internetsäite vun de verschiddene Centres de compétences. Déi eng hu quasi guer keng Informatiounen um Site, déi aner hu ganz komplex Informatiounen, ganz extensiv Erklärungen. Ech hu virum Debat haut nach eng Kéier nogekuckt. Dat ass leider zum Deel ëmmer nach esou. An dann dofir déi nächst Fro: Geschitt eppes bei där Vernetzung an och bei enger Verbesserung vun den ëffentlechen Optrëtter vun de Kompetenzzenteren?

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Fro vun der administrativer Vereinfachung a vun der Digitaliséierung misst der Regierung an dem zoustännege Minister jo mindestens esou um Häerz leie wéi eis Gréngen. Ech zitéieren nach eng Kéier aus der Evaluatioun vum Ministère: „Un autre constat fait [...] est celui d’une ‚forte culture du papier’ dans tous les Centres de compétences“. An dann e bësse weider: „Il faut cependant noter que ceci ne s’applique pas qu’aux Centres – cette culture du papier est présente à tous les niveaux du dispositif et freine significativement les procédures.“

An der Etüd gëtt gesot, en digitale System fir den Traitement vun den Dossiere wier „en phase d’implémentation“. Wou ass deen digitale System elo drun? Ass deen entre-temps voll implementéiert? Da gëtt och gesot, verschidde Centres de compétences hätte sech entre-temps selwer missen hëllefen an eege Systemer en place setzen, fir iwwerhaapt kënnen ze schaffen. Wat geschitt mat deenen eegene Systemer? A wéi gedenkt Der do, d’Harmonisatioun vun deenen Datebanken an esou weider ze maachen. 

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Retoure vum Terrain soen eis, wéi schonns gesot, dass d’Leit do d’Gefill hunn, dass d’Ressourcen am Beräich vun der Inklusioun ineffikass agesat ginn. Dës Regierung huet sech jo d’Vereinfachung op de Fändel geschriwwe bei den administrative Prozeduren, sief et beim Bauen, bei der Ëmwelt oder an allen anere Beräicher. Schlagwierder, déi do falen, sinn „Digitaliséierung“, „Once-only“ et cetera. Wann een d’Evaluatiounen zur Inklusioun an eisem Schoulsystem liest, gesäit een, dass dat genee déi Saache sinn, déi hei bemängelt ginn, dass se net klappen.

An dofir, Här Minister, léif Regierung, gëtt et elo Zäit, dass Dir dës Prinzippien och an der Bildungs- an an der Inklusiounspolitick duerchsetzt. Mir brauchen effikass digital Prozeduren an der Orientatioun vu Kanner mat spezifesche Besoinen amplaz vum Pingpong a vum Pabeierkrich, wéi en haut nach ze dacks leider stattfënnt.

D’Eltere leiden enorm wéinst dësem Pingpong. De Rapport vum Observatoire seet zwar, dass si an der Moyenne éischter zefridde si mam Suivi an dass si motivéiert sinn a sech implizéiere wëllen. Dat ass ganz sécher ee vun de positive Punkten aus der Evaluatioun.

E seet awer och: „Malgré un nombre important d’acteurs scolaires impliqués dans le dispositif inclusif scolaire, la relation avec les enseignants reste privilégiée et les parents soulignent un assez bon sentiment de compétence pour collaborer avec les acteurs au niveau local. Nous pouvons donc nous questionner sur la pertinence et les rôles spécifiques des multiples acteurs impliqués aux trois niveaux du dispositif inclusif scolaire.“

Et ass dës Zort vu Constat, Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, déi eis als Gréng eigentlech zur Konklusioun komme léisst, dass d’Ressourcen an der Inklusioun méi no solle bei d’Kanner an an d’Schoule kommen, wierklech do, wou et ëmmer nëmme méiglech ass. Dat géif och de Kompetenzzenteren et erméiglechen, sech op déi Fäll ze konzentréieren, déi dës spezialiséiert Hëllef am dréngendste brauchen. Mir stellen d’Kompetenzzenteren also net a Fro, mee mir wëlle se entlaaschten a besser vernetzen. An dofir och nach eng Kéier meng Fro: Ass dat eng Approche, déi de Minister grondsätzlech deelt, fir d’Ressourcë méi no an d’Schoulen ze kréien? Wa jo, wéi gedenkt hien, dat ëmzesetzen?

 

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, zu de Kompetenzzenteren huet d’Etüd vum Observatoire ganz interessant Donnéeën. Tëscht dem 1. September 2021 an dem 1. Mäerz 2022 gëllen zum Beispill dës Zuelen: D’Zuel vun de spezialiséierte Beschoulunge variéiert fir déi 5 concernéiert Zenteren tëschent 0 an 330. D’Zuel vun den Interventions spécialisées fir déi 8 Zentere variéiert tëschent 1 an 173, fir d’Rééducation et thérapie tëschent 0 a 538, fir d’Ateliers d’apprentissage spécifiques tëschent 0 an 1.340. An zu gudder Lescht, d’Zuel vun de Conseils et guidances vu Léierpersonal schwankt tëschent 17 an 2.653, déi fir d’Elteren tëschent 18 an 3.021.

Dës Zuele weisen, dass d’Situatioun an den Zenteren immens ënnerschiddlech ass. Oder, wéi den Observatoire et op de Punkt bréngt: „Cette variation des données a par moment un caractère plutôt interpellant.“

Pauschal Léisungen, wéi d’Gesetzesännerung vun 2023 also, kënnen der Situatioun also per Definitioun nëmme bedéngt Rechnung droen. Hei kann een aus den Evaluatiounen och net erausfannen, wou an deenen eenzelnen Zenteren eigentlech de Schong dréckt.

Dofir hunn ech mech gefrot, Här Minister: Gëtt hei och Kompetenzzenter fir Kompetenzzenter gekuckt, wat muss geännert ginn, wéi den Observatoire et och mat Nodrock a senger Evaluatioun proposéiert? Wéi soll dat gemaach ginn? Vu wiem soll dat gemaach ginn a wéini? Gëtt et hei weider e systematesche Suivi, wéi de Ministère et versprach huet an der offizieller Evaluatioun?

A genausou wichteg: Engagéiert de Minister sech derzou, fir, wéi vum Observatoire gefuerdert, eng eenheetlech Datebank anzeriichte vun de Ressourcen a Besoinen, déi et op de verschiddenen Niveaue gëtt?

An zu gudder Lescht an deem Zesummenhang, nach méi konkreet: Wéi ass et mat enger anerer Fuerderung vum Observatoire, ech zitéieren: „l’introduction d’un contingent pour les I-EBS, A-EBS et ESEB reste d’une actualité criante“? Wou ass dat drun, Här Minister?

 

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, a menge Gespréicher mat concernéierten Enseignanten ass erauskomm, dass vill vun hinnen zwar wuel de System vun der Inklusioun kennen, mee awer Hëllef net ufroen, well se kee Vertrauen an de System méi hunn, well et oft ze laang dauert a verschidde Prozeduren esou lues sinn, dass d’Diagnosticke vereelzt oder d’Kanner schonn an enger anerer Klass sinn, wa bis e Retour oder eng konkreet Hëllef do ass.

Ee vun deene Problemer, déi oft un eis erugedroe goufen: Vill Leit hunn d’Gefill, dass do, wou et offensichtlech Problemer gëtt, d’Enseignanten e bëssen d’Schold an d’Schong gedréckt kréien. Esou liest een an der Evaluatioun vum Ministère Aussoen ewéi: „Si le principe d’inclusion paraît être bien accepté, il semble pourtant rester une notion relativement opaque, avec des enjeux qui ne paraissent pas toujours être bien compris par toutes et tous. Ceci peut être en partie dû à une formation des enseignants quelque peu lacunaire en ce qui concerne la thématique de l’éducation inclusive.“

Dat soen och effektiv d’Enseignanten, mat deenen ech geschwat hunn. Déi Erklärung ass jo awer eigentlech eng weider Problembeschreiwung. D’Evaluatioun versprécht do a relativ vage Wierder Verbesserunge bei der Ausbildung a bei der Formation continue. Wou ass dat drun, Här Minister? Gëtt et do scho konkreet Schrëtt?

En anert Beispill, wat d’Enseignanten oft als Scholdzouweisung erfueren, ass d’Decisioun vun engem Coaching oder enger anerer punktueller Interventioun, ouni awer doriwwer eraus konkreet méi Moyenen ze gi fir den Encadrement. Dofir meng Fro: Wéi huet sech d’Zuel vun deene Coachinge säit der Evaluatiounsperiod entwéckelt? Gëtt et e Suivi, wat déi bréngen? Gëtt dat vum Ministère eescht geholl, wa vill Enseignantë soen, dass hinnen an och de Kanner déi Coachingen ze oft ze wéineg bréngen?

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, Inklusioun fonctionéiert am beschten, wa mer Chancëgerechtegkeet am Bildungssystem schafen. Vill Enseignantë soen eis, et géif ëmmer méi opfälleg Kanner ginn, virun allem och ëmmer méi Fäll, déi eng normal Beschoulung schwiereg maachen. Dat sinn also net „Dysen“ – entre guillemets –, mee méi gravéierend Verhalensopfällegkeeten. Et sinn dës Fäll, déi et fir d’Enseignanten oft schwiereg maachen, fir e gereegelten Unterrecht oprechtzeerhalen.

An dësem Kader begréisse mir ausdrécklech d’Aféierung vun enger zweeter Persoun am Cycle 1, esou wéi se am Regierungsprogramm steet. Ech froe mech awer, ob déi finanziell a personell Ressourcë wäerte kënnen zur Verfügung gestallt ginn, a wollt de Minister duerfir och no senger Aschätzung froen: Wäert den zweeten Intervenant a fënnef Joer kënne fir de Cycle 1 iwwerall am Land generaliséiert ginn? Oder gedenkt Der, anescht ze verfueren?

Mir kënnen, léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Politick net erstaunt doriwwer sinn, wa mer gesinn, dass d’Schoul d’Problemer vun eiser Gesellschaft reproduzéiert. Wéi e Bildungsfuerscher e Freideg am „Land“ zitéiert gouf: „Schule ist inhärent reproduktiv.“ D’Schoul ass also e Spigel vun der Gesellschaft. Stress, Individualiséierung, Prekariséierung a sozial Ongläichheeten, dat sinn alles Problemer, déi net einfach sinn, an d’Léisunge sinn et genausou wéineg. Educatiounspolitick eleng gräift do ze kuerz. Sozialpolitick, Logementspolitick an esou weider sinn och wichteg.

Mir wäerten an deenen nächste Joren an der Educatiounspolitick vill iwwer Chancëgerechtegkeet schwätzen, sief et mat Bléck op sproochlech Aspekter, wéi Alphabetiséierungsprozesser, sief et awer och wat déi sozioekonomesch Dimensioun ugeet. Dofir wëlle mir Gréng op eppes hiweisen, wat eis kruzial erschéngt mat Bléck op d’Chancëgerechtegkeet: Et mécht kee Sënn, fir vun der Schoul ze erwaarden, dass si eise sozialen Zesummenhalt an d’Chancëgerechtegkeet stäerkt, wann een an anere Beräicher eng Politick fiert, déi d’Ongläichheete vergréissert a riskéiert, ëmmer méi grouss Deeler vun eiser Gesellschaft an d’Prekaritéit ze drécken.

Ob Elteren Zäit mat hire Kanner kënne verbréngen, fir eng gutt Bindung opzebauen, läit natierlech och un ekonomesche Facteuren. Ob Kanner doheem gutt kënne léieren, hänkt och dovunner of, ob si genuch z’iessen hunn, ob d’Wunneng gehëtzt ass a grouss genuch, dass si sech kënnen zréckzéien a konzentréieren.

Et geet net duer, fir an der Bildungspolitick iwwer pedagogesch Konzepter ze schwätzen, iwwer Alphabetiséierung op Franséisch an iPads an de Klassen. Logement, Renten, Steierpolitick hunn alleguerten eng direkt Inzidenz op d’Situatioun an eise Schoulen, well si betreffe ganz weesentlech d’Liewensëmstänn vun de Kanner an hire Familljen.

Eppes, wat eis an de bestoenden Evaluatioune gefeelt huet, ass eng Analys vun de soziale Konditioune vun de Kanner à besoins spécifiques. Mech hunn zum Beispill d’Zuele vum Centre pour le développement moteur, vum CDM, interpelléiert, wou evident gëtt, dass Kanner aus sozial defavoriséierte Milieue ganz iwwerproportional vu Stéierungen a Réckstänn am Beräich vun der Motorik zum Beispill betraff sinn.

Dat kann een natierlech net verwonnere mat Bléck op déi generell Benodeelegung vun deene Kanner, wéi se zum Beispill an de PISA-Etüden oder och an den Épreuves standardisées hei am Land jo ëmmer nees festgestallt gëtt. Dofir meng Fro: Gëtt et esou Analyse spezifesch fir de Beräich vun der Inklusioun, also wou déi Kanner hierkommen a wéi eng statistesch Lienen et eventuell gëtt tëscht der Hierkonft an de Schwieregkeeten?

Dat ass wuelverstanen net, fir d’Elteren ënner e Pauschalverdacht ze stellen oder hinnen d’Schold zouzeweisen. Fakt ass einfach, dass Kanner ënnert der Situatioun vun hiren Eltere kënne leiden an d’Schoul bei ville Problemer nëmme bedéngt oder ze spéit kann intervenéieren. Ëmsou méi wichteg wier et, fir hei e méi vollstännegt Bild vun deene Kanner ze kréien.

E Beispill gëtt et mengen Informatiounen no a Kanada, wou Eltere vu Kanner mat spezifesche Besoinen och mat identifizéiert ginn a wou ee kuckt, wéi déi familiär Situatioun ass, wéi eng Problemer et eventuell och am familiären Ëmfeld gëtt, a wou een dann och de Familljen an den Elteren – net nëmmen de Kanner, mee och de Familljen an den Elteren – spezifesch Hëllef an Ënnerstëtzung zoukomme léisst. Esou eng méi ganzheetlech Approche, déi och dat ausserschoulescht Ëmfeld a Betruecht hëlt, schéngt eis ganz sënnvoll.

 

Une voix | Très bien!

 

M. Meris Sehovic (déi gréng), interpellateur | Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech kommen zum Schluss. Bei der Virbereedung vun dëser Interpellatioun ass et fir mech méi wéi kloer ginn, datt d’Fro vun der Inklusioun an de Schoulen eng politesch Prioritéit muss bleiwe fir déi nächst fënnef Joer. Wa mir net dréngend un de bestoende Problemer schaffen, da setze mer domadder d’Akzeptanz fir de System op d’Spill an, vill méi wichteg, d’Akzeptanz fir de Prinzipp vun der Inklusioun.

Als Politikerinnen an als Politiker hu mir eng grouss Responsabilitéit par rapport zu alle Concernéierten: par rapport zu de Kanner an hiren Elteren, par rapport zu den Enseignanten, par rapport zu de Professionellen, déi am Beräich vun der Inklusioun all Dag schaffen. 

Den ageschloene Wee ass dee richtegen, dovunner si mir fest iwwerzeegt. Mee mir mussen dëse Wee séier an zilorientéiert weidergoen. Dat bedeit konkreet, dass mir an Zukunft derfir suerge mussen, dass d’Ressourcen, déi mir investéieren, méi effikass, dat heescht, méi no um lokalen Niveau ukommen, dass mer d’Vernetzung vun allen Acteuren a besonnesch vun de Centres de compétences mussen dréngend verbesseren an dass mer am Beräich vun der Informatioun, vun der Sensibilisatioun a vun der Formatioun nach eng Schëpp mussen dropleeën.

An deem Sënn, Här President, deposéieren ech och eng Motioun am Numm vu menger Partei, mat der Ënnerstëtzung vun der LSAP, déi Lénk an de Piraten – wann ech se erëmfannen. Hei ass se. Wannechgelift.

 

Motion 1

« relative à l’amélioration du dispositif d’inclusion des enfants à besoins spécifiques »

 

La Chambre des Députés,

considérant

– les nombreuses réformes législatives ayant trait à l’inclusion des enfants à besoins spécifiques effectuées depuis 2018 ;

– l’augmentation des ressources humaines et financières qui est allée de pair avec lesdites réformes ;

– l’importance du bon fonctionnement du dispositif d’inclusion pour son efficacité et son acceptation par tou.te.s les membres de la communauté scolaire ;

– les conclusions des deux évaluations du dispositif de prise en charge des élèves à besoins spécifiques, à savoir celle coordonnée par le ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, et celle réalisée par l’Observatoire de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire (OEJQS) ;

– le « caractère interpellant » des disparités entre le nombre de scolarités spécialisées, interventions spécialisées et autres mesures d’inclusion fournies par les différents Centres de compétences, telles que relevées par l’OEJQS (cf. rapport thématique : « La situation des élèves à besoins spécifiques en inclusion au Luxembourg » par l’OEJQS) ;

– l’absence d’une base de données centralisée et complète permettant « une répartition transparente des ressources en accord avec les besoins du terrain » (cf. rapport thématique: « La situation des élèves à besoins spécifiques en inclusion au Luxembourg » par l’OEJQS) ;

– que la mise en place d’une telle base de données « ne vise pas à stigmatiser [les enfants à besoins spécifiques], mais bien au contraire à aiguiller et à renforcer les mesures et les stratégies qui leur sont destinées » (cf. rapport thématique : « La situation des élèves à besoins spécifiques en inclusion au Luxembourg » par l’OEJQS) ;

– la complexité du dispositif d’inclusion ainsi que le manque d’information sur son fonctionnement auprès d’une partie de la communauté scolaire, tels que relevés dans lesdites évaluations, 

invite le Gouvernement

– à mettre en place une base de données centralisée pour assurer une répartition transparente et efficace des ressources disponibles dans le cadre du dispositif d’inclusion ;

– à élaborer un concept pour l’amélioration de la prise en charge d’enfants dont les besoins spécifiques peuvent concerner différents Centres de compétences ;

– à informer et à sensibiliser davantage tou.te.s les membres de la communauté scolaire sur le dispositif de prise en charge des enfants à besoins spécifiques.

 

(s.) Meris Sehovic, Francine Closener, Ben Polidori, David Wagner.

Meris Sehovic