Fir dech, fir muer, elo!

Mir sin allen zwee an en Europa era gebuer, dat fridlech a vereent war. En Europa ouni Mauer, en Europa mat oppene Grenzen, gemeinsamer Währung, en Europa geprägt vun där Generatioun firun eis déi sech an eis, den europäesche Wuelstand erschafft huet.

En Europa wat villes opgebaut huet, gewuess ass, vernetzt gouff, Solidaritéit erfuer a vermëttelt huet, wat wirtschaftlech, sozial, politesch a nohalteg Aktzenter no bannen wéi no baussen gesat huet. 

Awer och en Europa dat op d’Prouff gestallt gouff a gett, de Moment méi wéi je. Vun deenen déi, d’Rechtstaatlechkeet a Fro stellen. Vun deenen déi eis Verantwortung fir den green new Deal a Fro stellen. Vun deenen déi d’Stäerkt vun eiser Unioun a Fro stellen.

Mir si konfrontéiert mat enger Welt wou et brennt. An net nemmen mat Bléck op d’Klima, mee mat Bléck op de Multilateralismus. Mat Bléck op d’Völkerverständegung. Mat Bléck op de Fridden. Mir si konfrontéiert mat Kricher, Krisen a Konflikter – déi eis extrem Suergen maachen. Déi an der polariséierter Welt vun haut vum regionale Flächebrand op déif international Grief a geschürte Feindbiller, en enorme Schued uriichten.

Den russeschen Ugrëffskrich huet d’Ziel d’Existenz vun der Ukrain auszeradéiren an stellt domat d’Demokratie, d’Rechtstaatlechkeet, d’Onofhängegkeet vun engem Land, an domat vun eisen europäesche demokratesche Prinzipien a Fro.

Dei couragéiert Verteidegung vun den Ukrainerinnen a Ukrainer, ass vill méi wéi d’Verteidegung vun hierem Land. Et ass d’Verteidegung vun eis all. Et ass d’Verteidegung vun Europa an eise Wäerter.

An dofir heescht dat fir eis, haut nach genee sou vill wéi firun 2 Joer,  dass mer onkonditionell mussen d’Fraiheet vun den Ukrainerinnen an Ukrainer schützen. Dass mer onmëssverständlech zu hinnen stinn. An dass mir als Europäesch Unioun eng méi staark sëcherheetspolitesch Roll anhuelen mussen.

An dësen onsecheren, geopoliteschen Zaiten – gegrägt vun autoritären Muechten, Verréckten déi droen zreck un d’Muecht ze kommen a rietsnationale Kräften muss d’europäesch Unioun d’Brandmauer vum Rechtsstaat an der Fraiheet sin. Sëcherheetspolitik ass Fraiheetspolitik – an dofir sëtze mir eis an Europa an.

Och ausserhalb vun eisem Kontinent si mer konfrontéiert mat schrecklege Biller, perséinlechen Dramen an struktureller Diskriminatioun. Déi läscht Méint ass d’Aktualitéit geprägt vum Rem-Opflaamen vum Krich an Israel-Palästina, ass geprägt vun den dramateschen Témoignagen vun den Opfer vun den Terroristen vun der Hamas an hiere Famillen. Ass geprägt vum Leed vun ze vill zivilen Affer, dorenner 10.000enden onschellegen Kanner a Familien.

Mir gréng sëtzen eis vehement fir en direkten Cessez-le-feu an, fir d’direkt Frailoossung vun alle Geiselen, fir dass déi batter benéidegt humanitär Hëllef kann ukommen, fir de Respekt vun de Mënschrechter. Gläichzäiteg gëtt ëmmer méi kloer: Mir kënnen eise Bléck net op dës kuerzfristeg Mesuren alleng reduzéieren. Mir mussen eisen Engagement och dringend erëm intensivéieren fir eng nohalteg a permanent Léisung vum Konflikt, fir eng 2-Staaten-Léisung op Basis vun de Grenzen vun 1967. Fir dass eis dat gelengt, brauche mer och hei eng staark gemeinsam europäesch Stëmm.

 

Elo kéint ee natierlech soen: wat kënne mir Lëtzebuerger an eisem klenge Land bei dëse weltpoliteschen Urgencen iwwerhapt bewierken? D’Europawalen änneren souwisou näischt an déi 6 lëtzebuerger Europadeputéierten kënnen op europäeschem Plang souwisou keen Afloss huelen.

Dat kéint net méi wäit fort sinn vun der Realitéit. Lëtzebuerg kann e Player och op internationaler Bün sinn, huet an der Vergaangenheet ëmmer rëm bewisen, dass mir och an der Weltpolitick e Rôle ze spillen hunn. Als Bréckebauer, als Verteideger vun der Demokratie a vun de Menscherechter, als vertrauensvoll Partner.

Dat ass och wouer fir déi 6 Politikerinnen a Politiker déi mir an d’Europaparlament schécken. Eis gréng Europadeputéiert, d’Tilly Metz an de Claude Turmes (an och aner lëtzebuerger Europadeputéierten) hunn an der Vergaangenheet gewisen, dass et an Europa net onbedengt op d’Gréisst vu sengem Land oder vu senger politescher Fraktioun ukënnt, fir Afloss ze huelen. Mä op d’Gréisst vu sengen Iddien, op de leidenschaftlechen Engagement, op Empathie am Ëmgang matenaaner, léisungsorientéiert Schafft, Kompromëssbereetschaft, ...

D’Tilly huet eist Land an dësem Sënn an deene leschten 5 Joer op eng formidabel Aart a Weis vertrueden an genee dat ënner Beweis gestallt. Et war eist Tilly wat d’Enquetekommissioun fir Dréierentransporter geleet huet. Et war eist Tilly wat sech als Vize-Präsidentin vum Gesondheets-Ausschoss fir d’total Transparenz vun de Pharma-Verträg an fir eng staark Europäesch Gesondheetsunioun agesat huet. An et war eist Tilly wat eng konsequent staark Positioun fir eng Verbesserung vum Schinnentransport  an der Verankerung vum Recht op Reperatur ageholl huet.Tilly mir gréng sin stolz op dech an deng Aarbescht a gleew eis: mir maachen ALLES fir dass du deng ugefaangen Aarbescht kanns weider maachen.

Dofir ass den 9. Juni esou e wichtegen Datum fir eben grad eppes ze bewierken. Fir ze bewierken, ween d’Stemm vu Letzebuerg repräsentéiert, fir genee do wou et gëllt, wou grouss politesch Decisiounen fir eis Zukunft geholl gin ze agéiren. Fir eis Interessen, fir eis Wäerter, fir e staarkt Europa ze kämpfen.

Sou vill wéi nach ni gouff d’europäesch Unioun vu Rietsen a Populisten zerried an ugegraff. Déi ganz Riets ginn et oppen zou: si fuerderen oppen den Austrëtt vun hiren Länner aus der EU: nom Brexit den Dexit, Italexit, …? Verschiddener vun hinnen, trauen sech (nach) net, dat esou oppen ze soen. Si wëllen dat selwescht, mä verschleieren et e bëssen. Si schwätzen léiwer vum „Europa vun den Natiounen“, vum Ofschafen vun der „Bréissler Bürokratie“, well dat méi „soft“ klengt.

Deene Fantasien stelle mir eis resulot entgéint. Mir wëllen Europa schützen, well et eis schützt. Mir wëllen Europa stäerken, well et eis stäerkt. Mir wëllen d’Handungsfähegkeet vun der Europäescher Unioun sécheren, well et eis Fräiheet schützt. Dofirm musse mir ELO déi nächst grouss Aufgaben ugoen: par rapport zu wuessenden globalen Spannungen, technologeschem Wandel an der Klimakrisen musse mer méi maachen, ewéi eisen bestoenden Wuelstand just ze verdeedegen. Mir mussen elo d’Aarbechtsplaazen an den Wuelstand vun den nächsten Jorzéngten fir eis Kanner an Kandskanner sécheren.

Europa ze stäerken ass also kee Selbstzweck. Mir maachen et, fir Wuelstand a Gerechtegkeet, Fräiheet a Sécherheet ze schützen. Fir eis huet europäeschen Erfolleg keng politesch Faarw. Erfollegräich ass, wat d’Liewen vun den Mënschen zu Lëtzebuerg an an Europa méi liewenswäert mécht. Wat eis méi staark mécht. Wat eis schützt.

Et ass also sou wichteg wéi nach ni, dass d’Biergerinnen an d’Bierger e staarkt Signal op Bréissel schecken: e Signal fir Europa, e Signal fir d’Zukunft. E Signal fir d’Zesummestoen amplaatz d’Auserneen driften. E Signal fir Europa ze verbesseren amplaatz et futti ze maachen.

 

Et bleift nach vill Aaarbescht virun eis. Et ass de Moment fir Acquisen ze verdeedegen an Ambitioun héisch ze haalen.

Stëchwuert : Schutz vun de Mënschrechter: D’Aarbechten um europäesche Liwwerkettegesetz hun eng gudd, zwar keng perfekt, mee eng gudd Richtung ageschloen.

Dës Efforten goufen an den leschten Wochen a Méint vun liberalen a konservative Kräften a Fro gestallt. Bal hätt d’Fro vum Schutz vun de Mënscherechter sech hannert d’Wirtschaftslobbyen an hier Interessen mussen stellen. De Polit-Krimi rondrëm dat europäescht Liwwerkettengesetz huet eis an de leschten Méint an Otem gehalen an eng formidabel Campagne vun progressiven Kräft, Gewerkschaften, an der Zivilgesellschaft ausgeléist.

Net méi spéit wéi gëschter – pünktlech fir de grénge Kongress - koum dann déi formidabel Nouvelle vun eise Kolleeginen a Kolleegen aus Bréissel: et gouf en historeschen Accord fonnt an Europa kritt seng éischt Gesetzgebung fir d’Mënscherechter an den Liwwerketten ze schützen. Ab elo ass et bei eis net méi egal, ënnert wéiengen Conditiounen Produiten an Servicer gemaach ginn. Dat och, dank onermiddlechem Asaz vu villen Gréngen. Merci besonnesch och dir, léift Sam, du hues dech als Justizministerin déi lescht Joren am Conseil enorm dofir agesat.

Fir dass esou Fortschrëtter gelengen, brauch et staark progressiv Kräft an Europa. Staark Gewerkschaften. Eng staark Zivilgesellschaft. An staark gréng an Europa.

 

A genee sou gëllt et och fir den Green New Deal, dësen fréier mol Vorzeigeprojet vun der EU Kommissioun, gett mettlerweil aus den eegenen konservative Reihen a Fro gestallt a Steck fir Steck demanteléiert.

Vun der Ambitioun fir als europäesch Unioun Virreider ze sin an der Energietransitioun am nohaltege Wirtschaften an am Kampf géint Klimakriis ass bei der Europäescher Vollekspartei, der Partei vun der CSV, net méi vill ze spieren. Verschidde Säiten witteren elo eng Opportunitéit, fir de Fortschrëtt, deen mir déi lescht 10 Joer a Saachen Klima- an Ëmweltschutz gemaach hunn, réckgängeg ze maachen. Et brauch dofir staark grénger an Europa fir dat ze verhënneren an fir den europäeschen Klima- an Emweltschutz ze stäerken!

Nëmmen an engem staarken Europa, mat staarker grénger Politik, si mer an der Lag, gerechten Wuelstand ze schafen a gutt Jobs och zu Lëtzebuerg ze sécheren. Andeems mir eng klimaneutral Moderniséierung vun eiser Ekonomie virundreiwen an Innovatioun ënnerstëtzen, suerge mir dofir, dass eis Ekonomie global wettbewerbsfäeg ass an gläichzäiteg eis Liewensgrondlagen erhalen ginn.

Dofir brauchen mir d’Forces vives vum ganzen Kontinent. Mir wëllen se duerch eng aktiv europäesch Politik bündelen. Am Zentrum vun eisem Programmt steet eng Europäesch Unioun vun den gréngen Waasserstoffnetzer a Glasfaserleitungen, aus Stroumtrassen a Schinnen, aus Solarpanelen a Wandparken.

An enger Zäit an där besonnesch China an d’USA massiv an d’klimaneutral Moderniséierung vun hirer Ekonomie investéieren, setze mir gréng eis fir eng strategesch europäesch Investitiounspolitik an, déi dofir suergt, dass Europa am Rennen fir den Wuelstand vu muer net d’Schlappen verléiert.

 

Ëm all dat an nach vill méi geet et bei dëser Wal. Et ass eng Richtungswal. An déi geet méi wait wéi eis Partei. Déi geet zeguer méi wait wéi eist Land: déi geet ëm d’Zukunft vum Friddensprojet Europäesch Unioun.

Eis 6 Kandidatinnen an Kandidaten wärten an de kommende Méint mat de Biergerinnen a Bierger an den Dialog goen. Fir Brecken ze bauen tëscht den Zukunftsängscht eriwwer op d’Zukunftsperspektiven. Fir Politik ze maachen déi d’Leit haut oofhëllt an muer mathëllt.

A mir alleguer wärten si doran ennerstetzen. Et ass nämlech haut erem eng Kéier daitlech:  Är Geschlossenheet, äre Courage, är Energie dreift eis alleguer un, fir weider ze maachen, fir Engagement ze weisen, fir dohin ze goen wou et wéih deet an fir gemeinsam mat de Menschen Perspektiven ze schaafen.

Zukunft ass, wat mir draus maachen!

Fir dech, fir muer, elo!

Meris Sehovic