Klimaschutz
MIR LIEWEN AN ZÄITE VUN ENGER KLIMAKRIS
Si gëtt verursaacht duerch eis Ofhängegkeet vu fossillen Energien an d'Verschwendung vu Ressourcen. D'Verbrenne vu Kuel, Ueleg a suergt weltwäit fir Dréchenten a Wüstebildung, Rekordsummeren a Wiederextremer fir extreme Schued, besonnesch am globale Süden. Mä och bei eis doheem maachen d'lmpakter vun der Äerderwiermung sech scho längst ze spieren: d'Bëscher gi krank, lwwerschwemmunge gi méi heefeg an dresche Summere maachen der Landwirtschaft ze schafen
D'fossil Energien hunn eis ëmmer méi ofhängeg gemaach. Eist Land huet en iwwerdimensionéierte Spritverbrauch. Mir verschmotzen domadder eis Loft a verbrauche méi Ressource, wei eis Äerd eis nohalteg ka liwweren. Dat geet op d'Käschte vun der heideger Gesamtgesellschaft a vun de zukünftege Generatiounen.
Haut geet et beim Fortschrëtt dorëms, déi natierlech Liewensgrondlagen ze erhalen. D'Erausfuerderung ass et eisen Energiesystem méi propper ze maachen, an en esou opzestellen, dass en an Aklang ass mat de natierleche Limitte vun eisem Planéit. Mir setzen eis an fir eng méi gerecht an nohalteg Welt an där mer ambitiéise Klimaschutz mat der Sécherung vum Wuelstand kenne verbannen. Dofir wëlle mer virun allem méi effizient an eisem Energieverbrauch ginn, d'erneierbar Energien nach méi schnell ausbauen, d'Mobilitéit manner ofhängeg vum Stroosseverkéier gestalten an d'Elektromobilitéit fërderen.
Gréng Energiepolitik bréngt eis méi Liewensqualitéit. Se bréngt eng méi propper Loft fir ze ootmen a manner Kaméidi an eise Stied a Gemengen, schützt eise Bësch an eis Biodiversitéit an dréit wesentlech bäi zu der Gesondheet vu jiddwerengem. Duerch den Ausbau vum ëffentlechen Transport hu mer zudeem manner Verkéier op de Stroossen, wat zu méi liewenswäerten Dierfer a Stied feiert, an deene rëm méi Plaz fir d'Bierger*innen a virun allem eis Kanner ass.
Stroum aus erneierbare Quellen ass d'Energie vun der Zukunft: mir wellen eng propper a secher Energieversuergung ouni gefeierlechen Atom. An deems mer d'erneierbare Sourcen dei mer hei am Land hunn voll ausnotzen, an d'Bierger*innen, d'Entreprisen an d'lndustrie ennerstetzen sech mei klimafrendlech opzestellen, kenne mer eis Energieversuergung och mei eegestänneg gestalten.
Den Defi ass et d'energetesch Transitioun nach mei schnell virunzedreiwen, eis Ofhängegkeet vu fossillen Energie ze briechen an eise Liewensstil an Aklang ze brenge mat de natierleche Limitte vun eisern Planeit. Nemmen esou kenne mer eng liewenswäert Zukunft fir jiddwereen*t garanteieren.