Mir liewen an ZÄite vun enger Klimakris

Si gëtt verursaacht duerch eis Ofhängegkeet vu fossillen Energien an d'Verschwendung vu Ressourcen. D'Verbrenne vu Kuel, Ueleg a suergt weltwäit fir Dréchenten a Wüstebildung, Rekordsummeren a Wiederextremer fir extreme Schued, besonnesch am globale Süden. Mä och bei eis doheem maachen d'lmpakter vun der Äerderwiermung sech scho längst ze spieren: d'Bëscher gi krank, lwwerschwemmunge gi méi heefeg an dresche Summere maachen der Landwirtschaft ze schafen

D'fossil Energien hunn eis ëmmer méi ofhängeg gemaach. Eist Land huet en iwwerdimensionéierte Spritverbrauch. Mir verschmotzen domadder eis Loft a verbrauche méi Ressource, wei eis Äerd eis nohalteg ka liwweren. Dat geet op d'Käschte vun der heideger Gesamtgesellschaft a vun de zukünftege Generatiounen.

Haut geet et beim Fortschrëtt dorëms, déi natierlech Liewensgrondlagen ze erhalen. D'Erausfuerderung ass et eisen Energiesystem méi propper ze maachen, an en esou opzestellen, dass en an Aklang ass mat de natierleche Limitte vun eisem Planéit. Mir setzen eis an fir eng méi gerecht an nohalteg Welt an där mer ambitiéise Klimaschutz mat der Sécherung vum Wuelstand kenne verbannen. Dofir wëlle mer virun allem méi effizient an eisem Energieverbrauch ginn, d'erneierbar Energien nach méi schnell ausbauen, d'Mobilitéit manner ofhängeg vum Stroosseverkéier gestalten an d'Elektromobilitéit fërderen.

Gréng Energiepolitik bréngt eis méi Liewensqualitéit. Se bréngt eng méi propper Loft fir ze ootmen a manner Kaméidi an eise Stied a Gemengen, schützt eise Bësch an eis Biodiversitéit an dréit wesentlech bäi zu der Gesondheet vu jiddwerengem. Duerch den Ausbau vum ëffentlechen Transport hu mer zudeem manner Verkéier op de Stroossen, wat zu méi liewenswäerten Dierfer a Stied feiert, an deene rëm méi Plaz fir d'Bierger*innen a virun allem eis Kanner ass.

Stroum aus erneierbare Quellen ass d'Energie vun der Zukunft: mir wellen eng propper a secher Energieversuergung ouni gefeierlechen Atom. An deems mer d'erneierbare Sourcen dei mer hei am Land hunn voll ausnotzen, an d'Bierger*innen, d'Entreprisen an d'lndustrie ennerstetzen sech mei klimafrendlech opzestellen, kenne mer eis Energieversuergung och mei eegestänneg gestalten.

Den Defi ass et d'energetesch Transitioun nach mei schnell virunzedreiwen, eis Ofhängegkeet vu fossillen Energie ze briechen an eise Liewensstil an Aklang ze brenge mat de natierleche Limitte vun eisern Planeit. Nemmen esou kenne mer eng liewenswäert Zukunft fir jiddwereen*t garanteieren.

Lëtzebuerg klimaneutral: Work in Progress

lwwert déi läscht Joren a Méint hu mir ënnert grénger Leedung scho villes ëmgesat fir de Prozess a Richtung klimaneutraalt Lëtzebuerg weiderzebréngen. D'Klimagesetz setzt de Kader fir de Klimaverschmotzung en Enn ze setze. Klimaneutralitéit ass am Gesetz verankert, déi verschidde Secteure ginn an d'Verantwortung gezunn a mir schafen déi néideg Gremie fir d'Transitioun wëssenschaftlech a gesellschaftlech ze begleeden Den Energie- a Klimaplang enthält d'Mesuren an d'Politicken déi eis ambitiéis Zilsetzung solle verwierklechen, a touchéiert besonnesch déi Beräicher déi nach besonnesch kuelestoffintensiv a verschmotzend sinn.

Mir wëllen eis Mobilitéit lassléise vu de fossillen Energien: hei sinn den Ausbau vum ëffentlechen Transport a vun de Velosinfrastrukture prioritär. Speziell fir Mënschen am ländleche Raum ass d'Elektromobilitéit och en Deel vun der Léisung déi mer weider wëllen ënnerstëtzen. Mat manner Verbrennungsmotoren op de Stroossen verbessere mer d'Loftqualitéit a vermanneren de Kaméidi - dat zu Gonschte vun der Liewensqualitéit a Gesondheet vun der Allgemengheet. Eng flächendeckend Luedinfrastruktur soll et de Bierger*innen erlabe grénge Stroum ze tanken.

Mir wëllen den Ausbau vun den erneierbaren Energie weider massiv virundreiwen, mam Zil 100% vun der Energie fir eis Bierger selwer produzéieren ze kennen, an dat notamment duerch d'Ausschreiwung vu grousse PV Anlagen, d'Stäerkung vum Eegeverbrauch a Grousswandanlagen. Fir d'Energiebesoine vun der Industrie mat erneierbare kennen ze decke kooperéiere mer och an Zukunft mat anere Länner fir op internationalem Niveau Solar an Offshore Wand Projeten op d'Been ze stellen.

Fir dass d'Energiedemande zu Lëtzebuerg erof geet, investéiere mer an Energieeffizienz - bei de Gebaier (energetesch Renovatioun), an der Industrie, an am Transport (Ëmklammen op Elektromobilitéit, Ausbau vum Ëffentlechen Transport).

Käschte vun der Verschmotzung vun eise kollektive Gidder solle vun deene gedroe ginn, déi se verursaache - dat ass Deel vun enger mäi gerechter Gesellschaft. D'C02 Bepraisung ass e wichtege Levier fir d'Dekarboniséierung: se gëtt der Klimaverschmotzung e Präis a belount de Klimaschutz. Esou encouragéiere mir lnvestitiounen an erneierbar Energien an aner klimafrëndlech Technologien, a finanzéiere mer weider konkret Klimaschutzmoossnamen. Donieft gi Leit mat manner finanzielle Méiglechkeeten entlaascht.

Et ass eis wichteg dass Mesure fir d'energetesch Transitioun an de Klimaschutz net zu sozialer Ausgrenzung bäidroen. Streng Energienormen am Neibau a méi erschwéngleche Wunnraum wierke preventiv géint Energieaarmut, en enk soziaalt Netz hellen déi akut betraff sinn. Persoune mat manner finanzielle Méiglechkeete kréien eng besonnesch Hëllefstellung. Bierger*inne gi finanziell a mat Expertise ënnerstëtzt fir op de Wee vun den erneierbare matzegoen

Och d'Betriber gi finanziell a mat Berodung begleet fir sech méi klimafrëndlech opzestellen an d'Chance vun der Digitaliséierung an dësem Kontext ze notzen. Lëtzebuerg kann sech a Partnerschaft mat de Betriber zum Land vun de Klimaléisungen entwéckelen: notamment an de Beräicher vun der Energieeffizienz an den erneierbaren Energie ginn Innovatioun a Recherche ënnerstëtzt. D'Energiepolitik séchert d'Zukunft vun der Industrie an dem Handwierk zu Lëtzebuerg: eng ne1 Generatioun vun Entreprisen, déi ouni Verschmotzung produzéiert.

GRéNGE BILAN

Am Asaz fir eise Planéit

D’Energiewend geet virun: mir hunn d‘Produktioun vun erneierbarem Stroum säit 2012 méi wéi verdräifacht.

Entiwcklung Erneuerbare Luxemburg 2012 2020

D’Energiewend geet virun: mir hunn d‘Produktioun vun erneierbarem Stroum säit 2012 méi wéi verdräifacht.

Klima- an Energieziler 2020 zesummen erreecht!

All Joer iwwert eng Milliard fir de Klima: mir investéiere massiv an eng gesond Zukunft fir eise Planéit.

En attraktive Klimabonus fir all d’Bierger:innen: mir hunn d‘Primme fir klimafrëndlecht Bauen, Heizen an nohalteg Mobilitéit substantiell erhéicht.

Klimaverschmotzung huet endlech e sozial gerechte Präis: nieft dem CO2-Präis hu mir och d’Allocation de vie chère ëm 10% an de Steierkredit ëm 96€ pro Persoun gehéicht.

Klimaschutz ass elo Gesetz: mam Klimagesetz an dem Klimaplang hu mir e verbindleche Kader an eng kloer Roadmap fir eis Klimapolitik geschaf.

D’Course fir kommunale Klima- an Naturschutz ass lancéiert: mat den neie Klima- an Naturpakten verstäerke mir eis Efforte mat de Gemengen géint d’Klima- an d‘Biodiversitéitskris.

Raus aus dem Eewee-Plastik an eran an d’Kreeslafwirtschaft: eis national Null-Offall-Strategie gouf ugeholl a gëtt elo ëmgesat.

Zesumme virukommen

D’Zukunft ass elektresch: mat den neie Primme klammen d‘Neizouloossunge vun Elektroautoe rasant!

Nächst Statioun: Zukunft! Den Tram fiert elo bis op d’Gare a geschwënn nach weider.

Virfaart fir de Vëlo:

  • Primme fir (E-)Vëloen verduebelt op 600€

  • Ausbau vum Vëlospiste-Réseau op 1.100 km

  • Vëlosummer 2020: 40.000 Leit hunn deelgeholl

Gratis ëffentlechen Transport: mir si weltwäite Virreider an der Mobilitéit.

Mat gréng rullt et: mir investéiere weider massiv an den Ausbau vum Zuchréseau